Wahle fir de Schülercomité

Laut gesetzlecher Basis vum Schülercomité sollen all 2 Joer Walen an de jeeweileg Lycée’en stattfannen. (Klickt hei fir de ganze RGD ze liesen).

Direktioun ass verantwortlech fir dës Walen ze organiséieren an all Schüler soll kennen un dëse Walen deelhuelen. All Schüler aus dem Lycée däerf sech och fir de Schülercomité mellen, hie muss just der Direktioun seng Kandidatur eraginn. All Kandidat kann sech an och seng Walprogramm der gesamter Schülerschaft virstellen, falls hien dat wëllt. De Schülercomité soll tëschent 7 an 13 Memberen hunn.

No de Wale muss de Comité… 

–     hier jeeweileg Funktiounen innerhalb vum Comité selwer besetzen, wéi och seng Vetrieder an de verschidde schoulesche Gremien a seng Vertrieder an der Nationaler Schülerkonferenz, d’CNEL.

–     sech mat sengen neie Memberen der Ëffentlechkeet virstellen. Et ass wichteg dat d’Schüler alleguerte wëssen, WIEN an de Comité gewielt ginn ass a WÉI een si erreeche kann (Email vum Comité, Bréifkëscht, Raum vum SC, …etc ).

–     gemeinsam en eegene Joresplang, mat hiren zukünftege Projeten an Iddien, erstellen, an awer och eng Strategie fir de Schülercomité a seng Aarbecht an der Ëffentlechkeet ze présentéieren.

Net vergiessen!  Falls dir Ënnerstëtzung braucht, zéckt net ëm Hëllef ze froe!. An de mëschte Lycée’en sinn eng oder méi Persounen designéiert (Begleeder), fir de Schülercomité ze ënnerstëtze falls hien dono freet. Dat Selwecht gëllt wann dir kleng Formatioune fir de Schülercomité braucht wéi z.b.: Wéi leed een eng Sëtzung? Wéi kann een den Equipegeescht vum Comité stäerken? Oder wéi organiséiert een eng Aktivitéit?. An esou engem Fall kennt dier ëmmer zesumme mat ärer Direktioun an äre Begleeder kucke wat méiglech ass. Ausserdeem organiséiert d’CNEL regelméisseg verschidden “Journées des comités d’élèves” fir déi neigewielte Memberen ze hëllefen.

De Schülercomité ass eng flott Plattform fir eppes a senger Schoul ze veränneren a vläit ze verbesseren, mä et ass awer och eng flott Plaatz fir nei Leit kennen ze léieren a gläichzäiteg eppes fir är Zukunft ze léieren!

  • Verpasst also net dës Geleeënheet a meld Iech!

Comments are closed