+352406090333 info@cnel.lu

Den 3 a 4 Mäerz 2018 haten sech 31 Vertrieder aus 20 Lycéeë fir den traditionelle Reflexiouns-Weekend vun der CNEL am Jugendzenter Mariendall getraff! Wärend dësen 2 Deeg hunn sech d‘Schülerspriecher Zäit geholl fir iwwert verschidden Themen ze diskutéieren, déi d’Aarbecht an der CNEL, mä awer och an hire respektive Schülercomitéë verbessere soll!

Déi éischt Aufgab déi d’CNEL’iste wärend dem Weekend ze meeschteren haten, war sech iwwert den ideale Schoulspriecher Gedanken ze maachen? Wat fir eng Eegenschaften si wichteg, fir sech fir Matschüler ze engagéieren? Wärend engem ganz kreative Workshop konnten sech d’CNEL’iste austoben.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Dat 2t Thema vum Weekend war d’Kommunikatioun! Ëmmer erëm gëtt dat Thema vun der Kommunikatioun an den Aktivitéite vun der CNEL opgegraff, well dat fundamental wichteg ass fir dat de Schülercomité an d’CNEL méi präsent a visibel gëtt! Och hei hunn d’Schülervertrieder Geleeënheet genotzt fir sech iwwert eng Kommunikatiounsstrategie Gedanken ze maachen andeems si Fotoen, Video’en an Texter missten ausschaffen! Dës Aktivitéite waren och mat ville witzege Momenter verbonnen!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Den 2ten Dag hunn d’CNEL’iste sech mat der Schoulreform an den ieweschte Klasse vum “Enseignement Secondaire Général (ESG)” beschäftegt! Wärend engem Worldcafé huet de Virstand vun der CNEL de wäertvollen Input vun de Participante gesammelt! Dësen éischten Austausch war d’Basis fir d’Ausschaffe vum Avis vun der CNEL zur Schoulreform am ESG (fréieren Technik).

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Am leschten Deel vum Weekend hunn d‘Schülervertrieder dunn eng Analyse gemaach vun de Schwieregkeeten déi si an der Aarbecht mat hirem Comité bewältege mussen. Och hei war Austausch a Kreativitéit gefuerdert!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Eemol méi war dëse Weekend ee wichtege Rendez-vous fir dat sech Schülervertrieder mat vill Spaass a gudder Laun austausche konnten. Ausserdeem konnt d’Schülerkonferenz duerch dëse Weekend wichtegen Input sammele fir seng Aarbecht fir de Recht vum Schouljoer ze organiséieren!

Merci un de Luis Santiago an d’Sheila Ewen fir hiren Asaz a natierlech ee grousse MERCI un d’Schülervertrieder déi präsent waren an dozou bäigedroen hunn dat dëse Weekend esou flott an erfollegräich ginn ass.

  • D‘ Engagement vun de Schülervertrieder ass heldenhaft! Dat soll ni vergiess ginn!

Fir méi Fotoe vum Weekend ze gesinn, klickt  hei !