Journée des comités d’élèves 2017/18 – “the conclusion”

Déi traditionell « Journées des comités d’élèves » vun der CNEL sinn fir dëst Joer ofgeschloss !

4 Rendez-vous stoungen um Programm:

  • Den 1.ten Dezember 2017 am Lycée Technique Hotelier Alexis Heck (LTHAH) fir d’Schülercomitéen aus dem Norden;
  • De 5. Dezember 2017 am Forum Geesseknäppchen fir d’Schülercomitéen aus dem Zentrum, wou de Lycée de l‘ Athenée, d’Journée „gehost“ huet;
  • Den 12. Januar 2018 am Lycée de Garçons Esch fir d’Schülercomitéen aus dem Süden;
  • Den 26. Januar 2018 am Lycée des Arts et Métiers fir d‘Schülercomitéen vum Lampertsbierg.

–> Un der Editioun 2017/18 vun de „Journées des comités d’élèves“ hunn am ganzen 193 Schülervertrieder aus 31 Lycéeën queesch duerch d’Land deelgeholl!

Während de jeeweilege Journéeën kruten d’Schülervertrieder Basis Informatiounen, déi hinnen am Alldag am Schülercomité hëllefe sollen. Esou Deeg sinn awer och wichteg fir de Schülervertrieder d’Méiglechkeet ze ginn, sech kennen ze léieren, sech auszetauschen an vun eneen ze léieren!

Op all dëse Plaze konnt d’CNEL ëmmer mat der Ënnerstëtzung vun de jeeweilege Schülercomitéen aus dem „Host“ Lycée, hiren Direktiounen an natierlech hirem technesche Personal zielen!

Während dësen Austauschdeeg sinn d’Schülervertrieder ëmmer gutt bekäschtegt ginn, am Norde vun de Schüler aus der Hotelsschoul an op den 3 aner Plaze vu Restopolis, déi wéi all Joer d’CNEL bei dësen Aktivitéiten ënnerstëtzt!

An last but not least, ouni d’Energie an d’Motivatioun vun eise 4 Formateure géifen dës Journéeën och net kënne zestane kommen!

D’CNEL seet all de Leit, déi zu dësen Deeg an iergend enger Form bäigedroen hunn, ee ganz grousse MERCI!

Fir d’Fotoe vun de 4 Journéeën ze kucken, kennt dir bei eis op Facebook goen : https://www.facebook.com/conferencenationaledeselevesduluxembourg/

CNEL_JCE_2017-2018 Affiche PDF