+352406090333 info@cnel.lu

Et war den 23. Mee 2017 wéi de Büro vun der CNEL sech mam Minister Meisch getraff huet fir Iwwert den Avis vun der CNEL zur Schoulreform ze schwätzen. Bei där Geleeënheet hunn d’Schülercomitéesvertrieder dem Minister nach eemol opmierksam gemaach, dat vill Deuxièmesschüler nach ganz vill Froen hätten iwwert den Oflaf vun der neier Première déi d’nächst Joer a Kraaft triede soll.

De Minister Meisch huet dorobber hin sech Bereet erkläert mat de Schüler ze schwätzen an op hier Froen ze äntweren.

–> 5 Rendez-vous goufe festgehale fir all Deuxièmesschüler aus dem ganze Land opzeklären.

20. Juni 2017 am Forum Geesseknäppche       fir d’Schüler aus dem AL a LAM

20. Juni 2017 am Forum Geesseknäppche       fir d’Schüler aus dem ALR, EPF, E2C, LJBM a LMRL

27. Juni 2017 am Lycée Bel Val                           fir d’Schüler aus dem LNB, LGE a LHCE

29. Juni 2017 an der Hall Victor Hugo              fir d’Schüler aus dem LGL, LRSL an dem Sportlycée

6. Juli 2017 an der Aller Seeërei                         fir d’Schüler aus dem LCD, LNW, LCE a LEM.

Am ganze goufen duerch dës Informatiounssessioun 1684 Deuxièmesschüler iwwert den Oflaf vun hire Premièresexamen informéiert.

De Minister Meisch huet den Oflaf vun der neier Première presentéiert an erkläert a CNEL Vertrieder hunn Moderatioun vun dësen Treffen assuréiert.

D’CNEL ass houfreg dozou bäigedroen ze hunn, dat all d’Schüler, déi de 15. September 2017 op eng Première kommen, rechtzäiteg informéiert gi sinn.