CNEL trefft d’Politesch Partei’en fir iwwert hiren Avis zur “Schoulreform” ze schwätzen

Ee vun de Kär Aarbechte vun der CNEL dëst Joer, war natierlech d’Ausschaffe vun engem Avis zur Schoulreform.

Während ville Méint hunn d’Schülervertrieder de Gesetzestext duerchgekuckt a gemeinsam Iddien an Iwwerleeungen zesummegeschriwwen.

Nodeems de Büro vun der CNEL den Avis “Schoulreform” dem Minister Meisch virgestallt hunn, mä awer och der Press, war et elo un d’Politesch Partei’en, fir iwwert d’Meenung vun de Schüler, zu dësem wichtege Gesetzestext, informéiert ze ginn.

D’CNEL Vertrieder waren de:

–> 12. Juni 2017  bei d’ADR;

–> 14. Juni 2017 bei der CSV;

–> 14. Juni 2017 bei “déi Gréng”;

–> 21. Juni 2017 bei “déi Lénk”;

–> 27. Juni 2017 bei der LSAP;

–> 10. Juli 2017 bei der DP.