“Bichermaart 2017” – de 15. September 2017 – Round 3

 

 

Dat läscht Schouljoer ass gepackt?

Deng al Schoulbicher sinn dir am Wee?

Du wëlls eppes klenges verdéngen?

Oder dir feelen nach puer Bicher fir dat neit Schouljoer?

De Bichermaart ass “the place to be”

De 15. September 2017 vu 11 bis 17 Auer op der „Place d’Armes“ an der Staat!

De Bichermaart ass fir d’Schüler geduecht, d.h. et soll ëmmer mindestens ee Schüler pro Stand sinn!

 Wéi? Wat? Wou?

1. Muss ech mech am viraus umellen? Nee, komm de 15. September einfach direkt op d‘Plëss a lee lass!

2. Wéi vill kascht dat ? Näischt, et ass gratis!

3. Wéi leeft dat of? Komm dohinn, schréiw dech an, huel dir een Dësch an ee Stull a leeë lass! D’ass ganz onkomplizéiert!

4. A bei schlechtem Wieder? Mir hunn Zelter déi mer bei Bedarf kennen opriichten! Natierlech déi éischt si fir! 

5. Däerf ech och aner Bicher (also keng Schoulbicher) verkafen? Jo, du kanns och aner Bicher verkafen.

6. Fir wéi vill däerf ech meng Bicher verkafen? Dat hänkt nëmme vun dir of!

7. Wat muss ech maache wann de Bichermaart fäerdeg ass ? Raum déi Bicher an, déi du während dem Dag net verkaaft krus a bréng eis däin Dësch an däi Stull zeréck!  

8. Ween organiséiert de “Bichermaart 2016- round 3”? Eemol méi ass et d’CNEL an de Service Jeunesse vun der Ville de Luxembourg

Denkt drun: Jidderee vun Iech ass zoustänneg fir säin eegene Stand a seng Bicher, d.h. maacht Iech am viraus Gedanke wéi vill är Bicher solle kaschten a bréngt och Etiquetten, Post’iten, …etc mat fir d’Präisser vun de Bicher drop ze schreiwen!

–> Eng lescht Saach, mir hunn zwar Dëscher, Still an Zelter organiséiert, mä déi éischt si fir, also falls dir bëssi méi spéit sollt kommen, bréngt virsiichtshallwer selwer eppes mat (eng Decken oder ee Plastik) fir dat dir är Bicher net direkt musst um Buede verkafen!

Update September 2017: Fir Iech puer Andréck vun dëser 3ter Editioun vum Bichermaart, ënnert der Verantwortung vun der CNEL, ze maachen, kennt dir op de Fotoalbum “Bichermaart 2017” klicken!