+352406090333 info@cnel.lu

Vum 4 bis de 5. Mäerz 2017 huet den 2ten Weekend CNEL stattfonnt an dës Kéier sinn d’CNEL‘iste bis op den Iechternacher Séi komm fir do an der Jugendherberge mateneen ze schaffen.

D‘ Ziel vun engem Weekend CNEL ass de Vertrieder , Méiglechkeet ze ginn, sech besser kennen ze léiere fir sech esou als eng Equipe ze fillen a gläichzäiteg op verschidden Dossier’en weider ze kommen. Dës Dossiere si fir d’CNEL wichteg an duerch déi 2 Deeg haten déi Jonk méi Zäit fir Avis’en an Iddien auszeschaffen.

28 Schülercomitéevertrieder hunn während 2 Deeg iwwert Theme mateneen diskutéiert: 1) d’Schoulreform, 2) d‘ Roll an d‘ Zesummenaarbecht mat de Klassendelegéierten an 3) iwwert hier Uleies oder Problemer am Schülercomité an de beschte Wee fir dës ze léisen.

Et ass vill geschafft ginn an awer och vill matenee gelaacht ginn, esou dat d’Equipe CNEL 2017, méi wéi jee, bereet ass, fir déi nächst Erausfuerderungen am Interessi vun de Schüler ze meeschteren.