Et ass geschwënn erëm esou wéit d’Membere vun de Schülercomité kennen sech geschwënn op d’Journées des comités d’élèves freeën!
Scho wéi d’Lëscht Joer, gi 4 regional Journéeën organiséiert an zwar:
Freiden, 2. Dezember 2016 – Regioun Zentrum “Geesseknäppchen” organiséiert am Forum Geesseknäppchen
Méinden, 19. Dezember 2016 – Regioun Süden organiséiert am Lycée Nic Biever zu Diddeleng
Freiden, 20. Januar 2017 – Regioun Zentrum “Lampersbierg” organiséiert am Lycée de Garçon de Luxembourg
Freiden, 27. Januar 2017 – Regioun Norden organiséiert am Lycée du Nord Wiltz
D’Vertrieder vun de Schoulen, kennen sech op ee flotte Moie freeë wou Si Geleeënheet kréien aner Schülercomitésmembere kennen ze léieren an sech iwwert ir Aufgaben, Projeen an Aktivitéiten auszetauschen!
Dës Journéeë gi mat der Ënnerstëtzung vu Restopolis a vun de jeeweilege Schoulen organiséiert.
Restopolis offréiert de Participante vun deene 4 Journéeën d’Mëttegiessen an och d’Kaffispaus!
Mir wäerten eis vill Méi ginn, Iech ee flotten an interessanten Austausch ze erméiglechen, dofir esoubal är Schoul d’Invitatioun fir är Journée kritt, mellt Iech zahlreich 😉
Mir freeën eis op Iech!