+352406090333 info@cnel.lu

An der Woch vum 19. September huet sech op Facebook ee Grupp gebilt, wou 1ere an 13ieme Schüler sech iwwer de Planning vun de “Premièresexamen” opgereegt hunn. D‘Ziel vun dëser Grupp war et, datt de Planning vun den Exame soll verännert ginn!

An der selwechter Woch ass ee Member aus der Schülerkonferenz (CNEL) iwwer dei ganz Problematik informéiert ginn an huet sech doropshin der Saach ugeholl, fir de Schüler op der 1re an 13e eng fair Chance op d’ Examen ze garantéieren.

De 27.September huet d’CNEL dann ee Pressecommuniqué verëffentlecht fir de Public op dës grouss Problematik hinzeweisen. Gläichzäiteg huet sech d’Schülerkonferenz awer och bereet erkläert fir zesumme mam Minister Meisch un enger Léisung fir ee besseren Zäitplang fir d’Examen ze schaffen.

Den 28. September huet d’CNEL een Aarbechtsgrupp aberuff mat Deleguéen aus den Terminalklassen, fir eng Propos am Sënn vun de Schüler auszeschaffen.

Den 30. September war et dunn endlech esouwäit. Eng Delegatioun vun der CNEL ass am Educatiouns-
ministère mam Här Minister Meisch  zesumme komm, an huet et no haarde Verhandlungen fäerdeg bruecht, een Zäitplang mam Minister auszeschaffen, mat deem d’Schüler zefridde waren.

Den Accord gesäit fir: 

24. Abrëll – 6. Mee 2017 Oralen ouni Preparatioun à AWER KENG Prüfunge wou een sech preparéiere misst
19. Mee 2017 Läschten Schouldag
22.+ 23. Mee 2017 Kann een an d’Schoul goen fir Froen ze stellen
24. Mee 2017 1ten Dag Examen
26. Mee 2017 Examen
29. + 30. Mee 2017 Examen
1. + 2. Juni 2017 Examen
12. Juni 2017 Läschten Dag Examen
12. bis 19. Juni 2017 Orale mat Preparatioun

Dat war dee beschtméiglechen Accord deen d’CNEL mam Minister Meisch verhandele konnten!

Wat huet CNEL erreecht?

  • D’Orale bleiwen esou wéi virgesinn, mee et huet ee KENG Prüfunge fir déi een eng Preparatioun brauch während dësen Deeg!
  • De läschte Schouldag ass net méi de 24. Mee, mee de 19. Mee àh. d’Schüler hunn méi Zäit kritt fir sech op d’Exame virzebereeden.
  • Den 22.+ Mee kennen d’Schüler an d’Schoul goe fir Froen ze stellen, mee dat ass keng Schoulflicht méi.
  • De Ministère hat d’Examensdeeg op 6 Deeg reduzéiert, duerch den Asaz vun der CNEL sinn ët elo 7 Deeg àh. net esouvill Examen de selwechten Dag.

Mat dëser Affaire huet een de Beweis, datt d‘Schüler, wann se sech engagéieren, vill beweegen an erreeche kënnen, vill méi wéi si sech dat oft zoutrauen!