+352406090333 info@cnel.lu

Den 11. Mee 2016 huet eng Entrevue tëschent der CNEL, der Jugendkonferenz (CGJL) an dem Educatiounsminister Claude Meisch stattfonnt! Als Erennerung, seit Mëtt 2014 huet d’Jugendkonferenz (CGJL) den Optrag vum Ministär kritt, sech ëm d’Begleedung vun der CNEL ze këmmeren.

Dofir ass een éischte Bilan iwwert dës Zesummenaarbecht tëschent CNEL a CGJL gemaach ginn, awer och eng Bestandsopnam zum Funktionnement vun de Schülercomitéë landeswäit. Ausserdeem goufe Verbesserungsvirschléi fir d’Aarbecht an d’Stäerkung vun de Schülercomitéen an der CNEL formuléiert, wéi och zukunftlech Kollaboratioune mat pertinente Partner goufen ugeschwat.

Zum Schluss huet de Minister sech och bereet erkläert mat de Vertrieder vun der CNEL iwwert déi ugekënnegt Schoulreform ze diskutéieren an sech auszetauschen.

 

k-DSC02500k-DSC02499

 

k-DSC02503

k-DSC02505