Austausch tëschent CNEL a Restopolis

Den 18. Februar huet op Initiativ vum Bureau Exekutiv vun der CNEL eng Entrevue tëschent den Déléguéen aus der ganzer CNEL an enger Delegatioun vu Restopolis, mat un der Spëtzt d’Madame Monique Ludovicy, Chef de Service bei Restopolis, stattfonnt.

Als Introduktioun krut d’CNEL ënnert anerem vu Restopolis hiert Fonctionnement an hier Qualitéitsuspréch erklärt. D’Vertrieder aus de verschidde Lycéeën hunn awer och vun der Geleeënheet profitéiert fir Froen ze stellen, mä awer och Kritik a Verbesserungsvirschléi ze proposéieren.

Eng Kritik, déi ëmmer erëm ugeschwat gouf, ass dat haaptsächlech d’Schüler, déi op den zweete Service kommen, ganz oft net méi genuch Choix an der Cantine hunn. Festgehal gouf dofir, dat déi d’Méiglechkeet fir eng optional Reservatioun, fir déi zwee Servicer an der Mëttegstonn, an all de Lycéeë, soll verbreed ginn!

Ausserdeem hunn d‘CNEL a Restopolis sech bereet erklärt sech an méi reegelméissegen Entrevuen auszetauschen!