+352406090333 info@cnel.lu

Et ass schonn eng kleng Traditioun dat d’CNEL regelméisseg eng “Journée des comités d’élèves” organiséiert, fir d’Membere vun de verschidde Schülercomitéen d’Méiglechkeet ze ginn sech auszetauschen an eppes vuneneen ze léieren. Mä dëst Schouljoer huet sech d’CNEL eng nei Richtung fir dës Journée ginn, an zwar soll dëst Joer net nëmmen eng “Journée des comités d’élèves” stattfannen, mä direkt 4 an zwar op regionalem Niveau! Fir all d’Schülercomitéen vun den 41 Lycéeën d’Méiglechkeet ze ginn un enger vun dëse Journéeën deelzehuelen a fir hinnen trotzdem d’Plaatz ze loosse fir sech auszetauschen, huet sech d’CNEL fir een neie Concept ausgeschwat!

Déi éischt Journée steet och schonn direkt virun der Dier, an zwar wäert déi de 24. November 2015 um Forum Geesseknäppchen stattfannen;

Déi zweet Journée ass fir de 15. Dezember 2015 am Lycée Technique Michel Lucius fir de Lampertsbierg ugesot;

Déi drëtt Journée ass de 15. Januar 2016 am Lycée Classique Diekirch fir d’Lycéeën aus dem Norden an

Déi véiert a läscht Journée wäert de 22. Januar 2016 am Lycée Technique d’Esch-sur-Alzette fir d’Lycéeën aus dem Süden iwwert d’Bühn goen!

Eemol méi konnt sech d’CNEL op Ënnerstëtzung freeën, an zwar vun de verschidde Lycéeën, déi dës Journéeën “hosten”, wéi och vum SNJ fir d’mise à disposition vum Forum Geesseknäppchen an zu gudder läscht konnt sech d’CNEL iwwert d’Ënnerstëtzung vu Restopolis freeën.

D’Formateuren si preparéiert a bereet fir d’Schülercomitéen vill Interessantes a flottes mat op de Wee ze ginn!

Elo brauchen dës Journéeë just nach all déi motivéiert an engagéiert Memberen aus de verschidde Schülercomitéen!

D’CNEL freet sech op dëse flotten Austausch!

Affiche Global

Dir wëllt Fotoe vun dëse Journéeën entdecken, da klickt op de jeeweilege Link:

24. November 2015 – Regioun Zentrum “Geesseknäppchen”

15. Dezember 2015 – Regioun Zentrum ” Lampertsbierg” am LML

15. Januar 2015 – Regioun Norden am LCD       –>            Video op Youtube zu der Journée am Norden

22. Januar 2015 – Regioun Süden am LTE         –>             Video vum Uelzechtkanal zu dëser Journée am Süden