“Bichermaart 2015” – de 15. September 2015

Affiche Bichermaart

Dat läscht Schouljoer ass gepackt?

Deng al Schoulbicher sinn dir am Wee?

Du wëlls eppes klenges verdéngen?

De Bichermaart ass “the place to be”

De 15. September ab 11 Auer op der „Place d’Armes“ an der Staat!

 Wéi? Wat? Wou?

1. Muss ech mech am viraus umellen? Nee, komm de 15. September    einfach direkt op d‘Plëss a lee lass!

2. Wéi vill kascht dat ? Näischt, et ass gratis!

3. Wéi leeft dat of? Komm dohinn, schréiw dech an, huel dir eng een         Dësch an ee Stull a leeë lass! D’ass ganz onkomplizéiert!

4. A bei schlechtem Wieder? Mir hunn Zelter déi mer bei Bedarf kennen opriichten!

5. Däerf ech och aner Bicher (also keng Schoulbicher) verkafen? Jo, du kanns och aner Bicher verkafen.

6. Fir wéi vill däerf ech meng Bicher verkafen? Dat hänkt nëmme vun dir of!

7. Ween organiséiert de “Bichermaart 2015”? D’CNEL an de Service Jeunesse vun der Ville de Luxembourg

Denkt drun: Jidderee vun Iech ass zoustänneg fir säin eegene Stand a seng Bicher, d.h. maacht Iech am viraus Gedanke wéi vill är Bicher solle kaschten a bréngt och Etiquetten, Post’iten, …etc mat fir d’Präisser vun de Bicher drop ze schreiwen!