+352406090333 info@cnel.lu

De 4. Mee huet de Jugenddësch: Jonker a Wunnen am Siège vun der FNEL um Cents stattfonnt! CNEL war natierlech och vertrueden a war bereet mat de Politiker iwwert dëse wichtege Sujet ze diskutéieren.

 

 

CNEL war duerch d’Lejla,eis Vertriederin aus dem LMRL vertrueden, duerch de Max,de President vun der CNEL aus dem LCD,wei och duerch den Tom aus dem LTA!

 

 

Lejla hat den Avis vun der CNEL zu dësem Thema geschriwwen an dofir huet hat um ëffentlechen Deel vum Jugenddësch d’Méiglechkeet kritt, dësen Avis virzestellen.

 

 

De Max, als President huet den Avis spéider an der Discussioun mat de Politiker verteidegt. De Claude Meisch, Educatiounsminister, d’Corinne Cahen, Familljeministerin a Marc Hansen, Staatssekretär fir de Logement waren un dësem Jugenddësch bedeelegt.

Hei kennt dir den Artikel an den ganzen Avis vun der CNEL noliesen!

Hei de Link zu de Fotoen!