+352406090333 info@cnel.lu

 

 

 

Nodeems an der Presse vill Aussoe komm sinn iwwert eng “eventuell” Ännerung vum Schülertransport, hat d’CNEL den Transport Minister François Bausch an de Erzéiungsminister Claude Meisch em eng Entrevue gefrot fir méi Informatiounen iwwert dësen Dossier ze kréien!

Eng Delegatioun vu CNEL Vetrieder huet sech schlussendlech de 27. Mäerz 2015 mam Transport Minister an de Staatssekretär Marc Hansen getraff!

D’Theme waren: D’Ännerunge vum Schülertransport, d’Erweiderung vun der MyCard während dem Stage an der Léier an de gratis Transport fir op déi offiziell CNEL Sëtzungen!


Niewent dem Minister Bausch, de Staatssekretär Marc Hansen an diverse Mataarbechterinnen aus dee jeeweilege Ministere ware folgend Vertrieder vun der CNEL präsent (riets -lénks) : Max Bintener (LCD), Jean Wivenes (LGL), Cara Wagner (LGE), Catia Biel (EPF), Yann Kohl (ECG), Marcia Müller (Schengen Lyzeum), Pedro Mota (LTMA).